Congé fir e Mord
Congé fir e Mord
E flotten Krimi op Lëtzebuergesch!
Krimi | Lëtzebuerg 1983 | lëtzebuergesch
Originalfassung | 97 Minutten
Regie: Paul Scheuer | Haaptacteuren: Josiane Peiffer
(Renée-Anne Lamesch), Paul Scheuer (Henri Lamesch),
Ranga Yogeshwar (Raman)
Den Här Huberty wëll sech en Observatoire baue loossen, well hien un Astronomie interesséiert ass. Den Apdikter Henri Lamesch aus dem Duerf ass mat dem Här Huberty senger Niess bestuet. Den Här an d‘Madame Lamesch fäerten, datt dem Monni seng Suen all bei dem Projet vum Observatoire dropginn, an datt si als eenzeg Ierwen nom Monni sengem Doud eidel ausginn. Dunn hunn den Här Apdikter an d‘Madame eng Iddi, se wëllen de Monni ëmbréngen...
De Film ass 1983 gedréint an hat e Budget vun nëmmen 1,7 Millioune
lëtzebuerger Frang. E gouf vun 30.000 Leit gesinn. Als éischte Film op
Lëtzebuergesch ass en an engem „richtege\" Kino gelaf, ier en op Tournée uechter d‘Land goung.
D\'Meenung vun der Presse: „Congé fir e Mord ist ein technisch einwandfreies Werk talentierter Filmemacher, die der vielgeschmähten
Bezeichnung ‚Filmamateur‘ eine andere Bedeutung gegeben haben.\"
(Luxemburger Wort)
-
CARTES POSTALES-v7 Part4 (257.46 Ko)

